“Ghost Jobs” zu Lëtzebuerg

Eng rezent Etüd vun der amerikanescher Firma Resume Builder weist datt 39% vun den befrooten Entreprisen am Laf vum leschte Joer sougenannte “Ghost Jobs” publizéiert hunn. Dëst sinn Stellenausschreiwungen, déi entweeder fiktiv sinn oder wou d’Plaz scho besat ass. D’Grënn fir esou Praktike ginn vun der Verbesserung vum Firmenimage bis hin zu der Sammlung vu CVen fir spéider Rekrutéierungen.

Zu Lëtzebuerg muss all fräi Aarbechtsplaz bei der ADEM gemellt ginn. Wärend Jobs.lu a privat Plattformen hir eege Kontrollmechanismen agefouert hunn, stellt sech d’Fro, wéi d’ADEM mat dësem Phenomen ëmgeet, besonnesch well si ronn 7.500 Stellenausschreiwungen an hirem System hunn. 

  1. Ass de Minister sech dëser Problematik bewosst a ginn et Zuelen iwwer d’Ausmooss vun dëser Praktik zu Lëtzebuerg?
  2. Wéi eng legal Moyenen huet den Aarbechtsministère fir géint d’Publikatioun vu “Ghost Jobs” virzegoen?
  3. Wéi eng Kontrollmechanismen huet d’ADEM fir ze iwwerpréiwen ob gemellte Plazen tatsächlech existéieren?
  4. Wat sinn d’Konsequenze fir Entreprisen, déi bei der ADEM bewosst Plaze mellen, déi net existéieren oder scho besat sinn?
  5. Gedenkt de Minister zousätzlech Mesuren anzeféieren, fir dës Praktik ze verhënneren an d’Transparenz um Aarbechtsmaart ze garantéieren?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene