Gewalt géint eeler Leit

De 15ten Juni ass den internationalen Dag géint d’Mësshandele vun eelere Leit. D’Gewalt géint eeler Leit ass eng traureg gesellschaftlech Realitéit, déi souwuel physesch, psychesch, finanziell Gewalt wéi och Vernoléissegung ëmfaasse kann. Dës Form vu Gewalt ka souwuel an der Famill, an Institutiounen oder duerch Betreiungspersoune geschéien. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Fäll vu Gewalt géint eeler Leit goufen an de leschte 5 Joer (2020-2024) bei de kompetente Servicer gemellt?

  2. Kann de Minister eng Opschlësselung no der Aart vun der Gewalt ginn (physesch, psychesch, finanziell, Vernoléissegung)?

  3. Wéi vill vun dëse Fäll goufen zu enger juristescher Plainte gefouert?

  4. Wéi vill Persounen iwwer 65 Joer hunn an dëser Zäit Hëllef bei spezialiséierte Servicer gesicht?

  5. Wéi eng Moossnamen huet d’Regierung geholl fir dës Problematik ze bekämpfen a bewosst ze maachen?

  6. Gëtt et eng national Strategie fir d’Preventioun a Bekämpfung vun der Gewalt géint eeler Leit?

  7. Wéi evaluéiert d’Regierung d’Effektivitéit vun de aktuelle Schutzmoossnamen?

  8. Wéi vill Fäll vu Gewalt goufen an Alters-a Fleegeheemer gemellt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2463

Zesummenhang posts

Mir ass ee Fall zougedroe ginn, wou ee Proprietär vu verschiddene Residencë wéinst Renovatiounsaarbechten engen 30 Locatairen hir Kontrakter kënnegt. Déi ronn 30 Locatairë