Gewalt a Waffen ënner Mannerjäregen

D’Zuele vu Gewalt a sexuellem Mëssbrauch duerch Mannerjäreger huelen an de leschte Joren dramatesch zou. Ëmmer méi dacks gräifen och Kanner a Jugendlecher zu Waffen, fir hir Doten ze begoen. Experte warnen, datt et wichteg ass, fréizäiteg op Warnsignaler ze reagéieren an d’Eltere mussen hir Verantwortung méi eescht huelen. Et muss gekuckt ginn, wéi een dës Entwécklungen an Zukunft verhënnere kann.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng konkret Moossname plangt d’Regierung, fir d’Gewalt an de Waffen ënner Mannerjäregen anzedämmen?

  2. Gëtt et Pläng fir eng besser Opklärung an de Schoulen iwwer d’Gefore vu Gewalt a Waffen?

  3. Sinn zousätzlech Ressourcen a Personal virgesinn, fir déi betraffe Kanner a Jugendlecher besser ze begleeden?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1880

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen