Gewalt a sexuelle Mëssbrauch duerch Mannerjäreger

An de leschte Joren ass et zu enger Hausse vu Gewalt a sexuellem Mëssbrauch duerch Mannerjäreger komm. Dëst ass e besonnesch alarmanten Trend, well et sech net méi just ëm Eenzelfäll handelt, mee ëm e wuessend Problem an eiser Gesellschaft. Experte weisen drop hin, dass et wichteg ass, d’Ursaachen an d’Warnsignaler fréizäiteg z’erkennen an unzegoen. Dobäi spillen d’Elteren eng wichteg Roll an der Präventioun a fréier Interventioun.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi eng konkret Mesurë plangt de Ministère fir d’Ursaache vun dësem Phänomen z’erfuerschen a besser ze verstoen?

  2. Wéi kann d’Elterenaarbecht a Sensibiliséierung verbessert ginn, fir Elteren ze hëllefen, Warnsignaler fréizäiteg z’erkennen an adequat ze reagéieren? 

  3. Wéi kann d’Zesummenaarbecht tëscht Schoulen, Jugendservicer an anere relevanten Acteuren optimiséiert ginn, fir eng effektiv Präventioun a fréizäiteg Interventioun ze garantéieren?

  4. Wéi kënne Kanner a Jugendlecher besser geschützt a begleet ginn, déi selwer Gewalt oder sexuelle Mëssbrauch ausgeüübt hunn, fir eng Reintegratioun an d’Gesellschaft z’erméiglechen an eng Recidive ze verhënneren? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1879

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt