Gëtt d’Walkampfofkommes vun de Ministère respektéiert?

Am Walkampfofkommes ass festgehaale ginn, dass Ministeren a Ministeschen an der Ausübung vun hirem Mandat wärend der Period vum Walkampf keng bezuelte Reklammen iwwert Ministèren akafen, déi net direkt eppes mat hiren Informatiouns- an Opklärungsflichten ze dinn hunn. Dëst fir ze evitéieren, dass ëffentleche Steiergelder, déi fir d’Aarbecht vum Ministère geduecht sinn, net fir de Walkampf mëssbraucht ginn. Op Social Media gesäit een aktuell vill gesponsered Bäiträg vun de Ministèren mat Fotoen vun de Ministeren a Ministeschen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Social Media Bäiträg hunn d’Ministèren säit dem 4te September publizéiert an dës mat bezueltener Werbung op de Plattforme gepusht unn?

  2. Ëm wéi een Geldbetrag handelt et sech insgesamt?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8358

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen