Gestion locative sociale

Zu Lëtzebuerg si vill Persounen op der Sich no engem bezuelbare Logement. Net jidderee kann dobäi awer eng Wunneng oder en Haus kafen, mee ka just lounen. Well d’Loyeren hei am Land awer dacks ganz héich sinn, sinn si op d’Gestion locative sociale ugewisen. Dobäi setzt de Staat op d’Kooperatioun mat Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft. Duerch eng Konventioun mam Staat kréien d’Organisatiounen d’Recht, fir eng Agence immobilière sociale (AIS) opzemaachen, duerch déi Proprietairen den Organisatiounen hir Wunnengen zur Verfügung kënne stellen a steierlech Virdeeler fir d’Locatioun kënne kréien. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Bei wéi ville Proprietäre war d’Wunneng oder d’Haus, déi elo am Kader vun der GLS verlount ginn, virdrun d’Residence principale?

  2. Kann de Ministère opgeschlësselt nom Alter (20-40 Joer, 40-60 Joer, 60-70 Joer, ab 70 Joer) d’Unzuel u Leit uginn, déi eng Wunneng oder en Haus am Kader vun der GLS verlounen?

  3. Kann de Minister d’Unzuel u Wunnengen an Haiser, déi am Kader vun der GLS verlount ginn, pro Gemeng a pro 1000 Awunner an der Gemeng uginn? Ginn et hei grouss Differenze bezüglech der Unzuel vun de Wunnenge respektiv Haiser oder der Gréisst vun de betreffende Logementer?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1736

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt