Gespréicher mat der CGFP sichen

Context:

Aktualitéitsstonn iwwert de Bewäertungssystem am ëffentlechen Déngscht

D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest:

  • de Gehälteraccord tëschent der Regierung an der CGFP vum 9ten Dezember 2022 hält am Punkt 10 Follgendes fest:
    « Le système d’appréciation sera aboli avec effet au 1er janvier 2023. Toutefois, ce système sera maintenu pour les fonctionnaires stagiaires et les employés de l’État en période d’initiation. (…) »;
  • d’Gesetz vum 7ten August 2023 iwwert d’Organisatioun vun der Arméi beinhalt ee Bewäertungssystem;
  • d’CGFP huet hir Diskussiounsbereetschaft annoncéiert, fir iwwert eng Alternativ zum bestehende Bewäertungssystem an der Arméi, nozedenken.

Aus dëse Grënn invitéiert d’Chamber vun den Deputéierten d’Regierung:

  1. fir zesummen mat der CGFP Gespréicher ze féieren, fir zum Wuel vun alle Bedeelegten eng Léisung ze fannen, wéi de Punkt 10 vum Gehälteraccord vun 2022 respektéiert ka ginn.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene