Gesetzesvirschlag zu de Wielerlëschten

Published by Marc Goergen on

D’Piraten hunn haut an der Chamber ee Gesetzesvirschlag (Proposition de Loi) agereecht fir eng Ännerung am Ëmgang mat de Wielerlëschten ze bewierken.

Kontext: D’Wielerlëschte si wichteg fir an de Wahle kloer kennen ze identifizéieren, wee wahlberechtegt ass. Dofir sinn op deene Lëschten eng Réi vun immens perséinlechen Donnéeën agedroen: de komplette Numm, d’Adress, d’Nationalitéit an d’Gebuertsjoer. Et misst jidderengem kloer sinn, dass dës Donnéeë perséinlech sinn a net dierften ëffentlech zirkuléieren.

Deem ass awer net esou. Ënnert dem aktuelle Gesetz ka jiddereen déi Lëschte kopéieren a mathuelen. Konkret heescht dat, dass jiddereen déck Bätz un perséinlech wäertvollen Donnéeë mat heem kann huelen. Och wann et u sech verbueden ass, d’Donnéeë fir aner Zwecker ze benotzen: wien kontrolléiert dat schonn, nodeems d’Donnéeën op Pabeier an ouni weidere Suivi bei mir doheem um Büro leien?

Ab deem Moment, wou dës Leschten d’Gemeng verloossen, sinn se am fräien Ëmlaf an et gëtt keng Garantie fir wat se benotzt ginn a vu weem!

Dëst Lach am Gesetz ass eng Gefor fir den Dateschutz an ignoréiert de Prinzip vun der informationeller Selbstbestëmmung. D’Piraten schloen dowéinst vir, dass déi existéierend Dispositiounen am Gesetz geännert ginn, soudass d’Kopéieren vun de Leschten duerch Onbefugter verbuede gëtt.

Hei ass de Gesetzesvirschlag (Proposition de Loi), dee mir agereecht hunn:

 


Marc Goergen

Marc Goergen

Koordinator Piratepartei

1 Comment

Gesetzesvirschlag zu de Wielerlëschten | Kantonen.lu CANTONS.LU · June 27, 2019 at

[…] mat engem staarken Dateschutz ze setzen. Op eisem Site fannt dir all Detailer zu dësem Virschlag. Gesetzesvirschlag zu de Wielerlëschten #chamber […]

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.