Sven Clement:
Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, mir wëssen et alleguerten: En traurege Joresdag kënnt op eis duer. D’nächst Woch wäert et e ganzt Joer sinn, säitdeem d’Biergerinnen an d’Bierger hirem Alldag nëmmen nach ënner strenge Restriktiounen nokomme kënnen. Säit engem ganze Joer hält d’Pandemie eist Land an Otem an en Enn ass, trotz der Existenz vun diversen Impfstoffer, nach net wierklech en vue.
Ze lues komme mer mat den Impfunge virun an ze heefeg kënnt et zu Liwwerenkpäss, well d’Patentrechter vun den Entreprisë virun d’Bedierfnisser vun de Mënsche gestallt ginn. Eng gesetzlech Obligatioun, fir d’Zesummesetzung an d’Hierstellungsprozesser vun Impfstoffer oppen ze leeën, wär an dëser Situatioun nëmme gerecht. Verschiddene Firme Lizenzen auszestellen, fir zäitlech limitéiert patentéiert Vaccinen hierstellen ze kënnen, misst och net op d’Käschte vun den Entwéckler an de Patentbesëtzer goen, wann eng entspriechend finanziell Entschiedegung virgesi wär, a géif d’Produktioun vu sécheren Impfstoffer awer optiméieren.
Sech hanner COVAX ze verstoppe fir ze soen: „Mee mir hëllefen!“, geet net duer! Ech erënneren drun, datt d’Pharmaindustrie fir 30 Milliounen Doudeger um afrikanesche Kontinent responsabel war wéinst de Patenter op den Aidsmedikamenter! 30 Milliounen Doudeger! Dat ass, fir eng Gréisstenuerdnung ze ginn, déi gréisste Katastroph vum leschte Joerhonnert. An dat wär vermeidbar gewiescht. An ech hoffen, datt et bei dëser Impfcampagne elo net zu änleche Schied kënnt. Ech hoffen, datt mer déi néideg Impfstoffer, mat allen zur Verfügung stoende Moyenen, séier kënne produzéieren.
D’wirtschaftlech Kompetitivitéit vun eenzelne Firmen ze schützen, wärend Mënsche stierwen, well se un engem Virus erkranken, géint dee se hätte kënne geimpft ginn, ass eng inakzeptabel Ongerechtegkeet! Dofir ass et vun enormer Wichtegkeet, datt Lëtzebuerg sech op internationalem Niveau fir d’Ausstelle vun Zwangslizenzen aussprécht. Mee dovun hunn ech, leider, vusäite vun eiser Regierung nach wéineg héieren. Dat kann awer och sinn, well d’Motioun jo nach an der Kommissioun muss behandelt ginn. Et ass jo net, wéi wann et ëm Deeg a Woche géif goen.
Wa mer d’Pandemie ënner Kontroll kréie wëllen, da musse mer méi séier impfen, mee Geschwindegkeet ass awer net alles. Et muss och eng gerecht Verdeelung assuréiert ginn. D’Regierung huet sech dofir eng Impfstrategie ginn. Mee wéi déi rezent Entwécklunge gewisen hunn, huet net jidderee sech un dës gehalen.
Et ass Iech warscheinlech bekannt, datt ech mech mam Problem vun de sougenannten „Impfdrängler“ dach och schonn un de Procureur hu misse wenden, well ech der Iwwerzeegung sinn, datt dëst Verhalen och schonns géint déi aktuell Gesetzgeebung verstéisst. An d’Enquête leeft, well ech gouf net méi spéit wéi gëschter vun der PJ invitéiert, fir hinnen dann déi weider Informatiounen ze ginn, déi se zwar och deelweis aus de Presserapporte kéint kréien, a wou ech och hoffen, datt dann, sou wéi HRS dat annoncéiert huet, och dee Rapport vu fënnef – oder vläicht awer aacht, well zielt de Conseil d’administration dann elo zu deene fënnef Inkohärenzen, ech weess et net – scho weidergaangen ass. Op alle Fall: Deen Dossier ass alles anescht wéi zou, den Dossier ass wäit op. An et gëllt elo, do ze enquêtéieren an dann och déi néideg Konsequenzen ze zéien.
Ech mengen awer, datt et, an dësem ganz spezielle Fall, wichteg wär, konkreet Strofe fir Impfdrängler am Covidgesetz festzehalen, sou wéi dat jo beispillsweis och an Däitschland aktuell diskutéiert gëtt, an dat iwwert de Verstouss géint staatlech Konventiounen oder eventuell de Vol oder Abus de confiance eraus.
Ech reechen dofir dës Motioun an, mat där ech d’Regierung wéilt opfuerderen, dee bestoende Regimm fir Strofe fir Leit, déi sech entgéint dem festgeluechte Plang vun der Direktioun vun der Santé impfe loossen, ze iwwerschaffen, fir esou Abusen an Zukunft ze verhënneren.
Här President.
En aneren Aspekt, deen am Zesummenhang mat den Impfunge steet an och méi transparent gereegelt misst ginn, ass dee vun den Impfdosen, déi um Enn vum Dag an de Flacone Rescht bleiwen.
Ech denken, datt mer eis eens sinn, datt keng Impfdosis verschwent däerf ginn an datt dofir all Ampull muss eidel gemaach ginn, och wann un engem Dag keng Rendez-vouse méi virgesi sinn. Fir awer ze verhënneren, datt um Enn vum Dag reschtlech Impfdosen u Persoune geimpft ginn, déi eigentlech keng Prioritéit hätten, wär et wichteg, kloer Reegelen iwwert d’Verdeelung gesetzlech festzehalen. Bis elo feelt et hei nach un enger klorer Gesetzgeebung, och wann d’Regierung op eng dréngend parlamentaresch Fro vu mir gëschter geäntwert huet, datt d’Impfzentere Reegele fir d’Verwäertung vun iwwregbleiwendem Impfstoff kruten.
Déi Reegele sinn och an dëser Phas vläicht nach suffisant, mee si baséieren drop, datt de Koordinator vum Impfzenter um Enn vum Dag da Leit mobiliséiert, den 112 urifft, fir eventuell nach Securisten ze impfen, a ganz zum Schluss dann nach Leit, déi en iergendwéi erreecht. Wéi en déi da soll fannen, ass net wierklech ersiichtlech. Eenzeg Konditioun: Et däerf net Famill sinn. Dat fannen ech gutt! Et soll zumindest e gewëssene Schutz ginn, mee et geet eis net duer. Mir géifen hei fir eng Léisung optéieren, déi iwwer en neutralen an automatiséierten Notifikatiounssystem géif fonctionéieren, e bëssen esou, wéi mir hei an der Chamber fir dréngend Sitzunge per SMS an Telefon convoquéiert ginn, wann déi traditionell Convocatiounen net duerginn.
An dofir Här President, reechen ech Iech hei eng weider Motioun an, fir datt eebe grad esou een automatiséierte System opgestallt soll ginn, fir datt mer och an Zukunft, wann dann de Ketchup endlech aus der Fläsch kënnt an d’Impfungen disponibel sinn, owes nach ëmmer all Dosis kënne verimpfen.
Här President, ganz allgemeng schéngt bei der Gesetzesupassung, vun där mer haut schwätzen, d’Devise gewiescht ze sinn: ofwaarden an ausharren. Ausser dem Datum
vun der Lafzäit vum Gesetz gëtt näischt Déifgräifendes geännert. Dobäi géif et genuch Sujete ginn, iwwert déi legiferéiert misst ginn, wéi ech hoffentlech mat deem, wat ech virdru scho gesot hunn, däitlech gemaach hunn.
Do dernieft gouf probéiert, endlech eng legal Basis fir d’Schoul ze schafen, mee leider ass dat der Regierung net gelongen, well se wuel no engem Joer iwwerrascht waren, datt een eng Base légale fir Entscheedunge misst hunn. Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ee Joer méi spéit gëtt en Text geschriwwen, deen dann no informellen Diskussioune mam Staatsrot zréckgezu gëtt an duerch en Amendement ersat gëtt, deen nëmmen e Brochdeel vun deene Saachen ofdeckt, déi u sech néideg gewiescht wären. Bref, mir huelen dat dann esou zur Kenntnis.
Um Ufank vun der Pandemie war et wichteg a richteg, d’Kontakter duerch Restriktiounen erofzefueren an dann ofzewaarden an ze kucken, wat geschitt.
Mëttlerweil liewe mer awer schonns e ganzt Joer mam Virus an et gëtt héich Zäit, méi ze maache wéi nëmmen ze observéieren. Mir musse Weeër opzeechnen, wéi d’Kris ka geréiert ginn a wéi d’Mënsche mam Virus liewe kënnen. Déi unhalend Restriktioune sinn eng grouss Erausfuerderung fir d’mental Gesondheet a grad och fir den Horeca-Secteur, dee jo als eenzege Secteur ëmmer nach verbuede kritt, sengem Geschäft nozekommen. An dat ass do och eng grouss finanziell Belaaschtung. Mir kënnen dës Covidkris net einfach éiweg duerchhalen. Déi éischt Zuelen, déi sech mat der Santé
mentale wärend der Kris befaassen, weise ganz kloer, datt d’Situatioun net esou weidergoe kann. E Gesetz, dat net vill méi ännert wéi en Datum, ass do an eisen Aen net dee richtege Wee.
Mir brauche Léisunge fir all déi, déi elo schonns vill ze laang nëmme mat 80 % vun hirem Salaire auskommen. Kuerzfristeg kann ee Lounausfäll a Reduzéierungen iwwerbrécken, mee net Méint a Joren. A mir brauchen och Léisungen, fir Mënschen an dëser schwéierer Zäit ze encadréieren, an dat och, wann hir Suen net duerginn, fir sech en deiere Psycholog oder Therapeut leeschten ze kënnen, oder se eeben net genuch Geld hunn oder dee richtege Posten hunn, fir sech da beim Impfen an déi éischt Rei ze stellen.
Datt d’Méiglechkeet, e Remboursement vun der Krankekeess ze kréien fir eng Psychotherapie grad wärend enger vun de schlëmmste Krise vun de leschte Joerzéngten, ëmmer nach schleeft, ass eng Katastroph. Hei misst ee sech iwwerleeën, ob een, soulaang wéi et keen Accord gëtt fir e laangfristege Remboursementssystem, net d’urgence zumindest emol eng Iwwergangsléisung op d’Bee stelle kéint, fir de Mënschen duerch dës Kris ze hëllefen.
Mir hunn – an a manner wéi engem Joer – iwwer 600 Leit un de Virus verluer. Méi wéi 600 Mënschen hunn hiert Liewe gelooss, 24 eleng d’lescht Woch! Dat ass eng Zuel, déi sech nach am leschte Summer kee virstelle konnt an déi komescherweis elo awer einfach onkommentéiert higeholl gëtt. Virun engen aacht, néng Méint stoung ech op dësem Pult hei an ech hu Prognose vu Research Luxembourg kommentéiert, déi eis deemools, am Juli, gesot hunn: „Wann näischt geschitt, da gëtt et 5.000 Doudeger; mat de Mesuren, déi Der huelt, prognostizéiere mir Iech der 500.“ A mir stoungen alleguerten hei an dësem Raum an alleguerten, déi hei um Pult d’Wuert geholl hunn, hu gesot: „Dat sinn der ze vill!“
Haut, nach kee Joer méi spéit, ass de Constat do, datt d’Fuerscher Recht haten, datt se souguer nach e bëssen ënnerdriwwen haten. A mir hu Mesurë geholl a si sinn net duergaangen. Däers musse mer eis bewosst sinn an dat musse mer och no dëser Pandemie wierklech nach eng Kéier am Detail analyséieren, wat wéini wou schifgelaf ass – iwwer 600 Mënschen, dat heescht iwwer 600 Familljen, déi virun engem Joer net woussten, datt se dëst Joer Trauer géifen droen.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’steigend Presenz vun der brittescher Variant vum Virus an der Bevëlkerung an d’Zuelen aus de Kläranlage weise ganz kloer, datt mer musse virsiichteg bleiwen. Et ass dofir wichteg a richteg, datt bestëmmte
Restriktioune geholl ginn. Mee d’Situatioun rechtfertegt awer net, datt mer einfach blann Wochen a Wochen dat selwecht maachen, ouni anstänneg Evaluatioun an obwuel et e grousse Besoin un Adaptatioune géif ginn.
Mir hunn ëmmer nach eng Ausgangsspär, fir déi et keng wëssenschaftlech Rechtfertegung gëtt; kee bezuelbaren Encadrement vun der Santé mentale, well den Dossier iwwert d’Remboursementer vun der CNS net virukënnt; keng konkreet Aussiichte fir den Horeca, net nëmme wärend der Kris, mee och vun der Sortie de crise; keng gesetzlech festgehale Reegelen iwwert d’Verwendung vun den Impfdosen, déi Rescht bleiwen, a virun allem keng spezifesch Strofe fir déi, déi sech an déi éischt Rei drécken.
Dëst Gesetz gëtt der aktueller Situatioun deemno absolutt net gerecht. An dofir wäerte mir Piraten dëse Projet haut och net matstëmmen.
Merci.
- January 14, 2025
- 3:41 pm
- Parlamentaresch Froen, Police & Arméi
D’Ukrain-Kontaktgrupp huet sech eng leschte Kéier zu Ramstein getraff, ier den Donald Trump nees säin Amt untrëtt. Dës Grupp war an der Vergaangenheet zentral