Gesetzesprojet 7781 iwwert de Reamenagement vum Echangeur Steebrécken op der A4

Marc Goergen:
Merci, Här President.
Ech ginn elo net nach eng Kéier op d’Detailer vum Projet an. D’Madamm Gary huet dat exemplaresch gemaach. An der Kommissioun ass e jo schonn e bëssen traitéiert ginn. Ervirzehiewen ass natierlech, dass elo endlech dee Lärmschutz kënnt. E Familljemember vu mir wunnt do an der Géigend. Deen huet mer nach eng Kéier erkläert, wéi schlëmm et am Moment ass an dass et wierklech ze begréissen ass, dass do elo eng Verbesserung kënnt.
Dat ass och ee vun de Punkten, wou mir Piraten dem Minister kënne felicitéiere fir dee Projeten, deen hie gemaach huet. Et sinn awer och Punkten an deem Projet, déi eis net gutt gefalen. Déi hat ech och an der Kommissioun ugeschwat. An ech wäert se och nach eng Kéier haut ervirhiewen.
Dat ass virun allem déi Affär mat där Tankstell, déi Der baut. Dat heescht, Dir hutt déi Terrainen. Ech hunn och zweemol an der Kommissioun elo gefrot gehat, wat de Staat iwwerhaapt erëmkritt u Geld, well do gëtt de Staat emol eng Kéier zéng Milliounen aus aus senger Täsch an et sinn herno d’Pëtrolsentreprisen, déi do den décke Benefiss maachen.
Dauert dat ee Joer, zwee Joer, bis mer dat Geld komplett erëmhunn? Ech hat dat zweemol gefrot. De Minister hat mer zwar versprach, dat ze kréien. Ech hat elo schnell nach eng Kéier am Intranet gekuckt, et war awer nach kee Präis do. Mee ech huelen un, de Minister erkläert eis elo nach eng Kéier genau, wéi dat ass.
Nieft dem Präis, den zweete Punkt, dee mer einfach net verstinn, ass: Hei kommen déi gréng allkéiers hin a se schwätzen: „Mir musse méi Elektro maachen“, „mir mussen eng CO2-Steier …“, „mir musse Pipapo“, „mir mussen d’Leit vum Auto ewechkréien.“
Elo sinn et awer déi gréng, déi op esou engem groussen Echangeur zwou Tankstelle matfinanzéieren als Staat! Dat ass einfach eng Logik, déi mir als Piraten net kënne verstoen. Wa mer wëllen, dass mer aus deem Tanktourismus erausklammen, da kann et net sinn, dass mer elo op der A4 erëm zwou risegrouss Tankstelle bauen. Do ass einfach keng Logik derhannert!
Ech mengen, et ass och kee Bierger dobaussen, deen nach iergendwéi déi Politik vun deene Gréngen do ka verstoen, dass de Staat elo higeet an esou vill Milliounen an de Grapp hëlt, zéng Milliounen, an op där anerer Säit seet een: „O, Dir musst awer elo déi fënnef Cent allkéiers op der Pompel bezuele fir Ären Auto!“
Dat ass einfach net ze verstoen. Entweeder wëllt Der aus dem Tanktourismus eraus oder net. An da gitt Der net hin an Dir gitt an der Chamber nach e Projet eran, wou mer iwwer zéng Millioune finanzéiere fir Tankstellen, fir dass d’Pëtrolsentreprisen dat herno kënne maachen. Dat ka jo einfach net sinn!
An Dir hutt natierlech en Opfangbecken derbäi. Dat ass natierlech alles schéin a gutt, mee wa mer d’Klimakris ëmmerhi weider selwer undreiwen duerch déi Pëtrolsprodukter, da weess ech net, wivill Opfangbecken Der herno musst deementspriechend bauen.
Bon, mir Piraten wäerten de Projet matstëmmen, well mer gesinn, dass déi Leit, déi do wunnen, et endlech verdéngt hunn. An de Verkéier ass vill. An ech ginn et och zou: Ech sinn ee vun deene Schëllegen, deen do am Verkéier matfiert. Mee d’Leit hunn et endlech verdéngt, dass Steebrécken a Wickreng endlech emol do eng Liewensqualitéit erëmkréien, well dee Projet huet vill ze vill laang geschleeft. An ech mengen, dat doten ass eppes, wat scho laang bekannt war. Déi Leit hunn elo laang dorop gewaart. Ob dat elo ass wéinst dem Riseprojet? Et ass eigentlech eng interessant Approche, ob dat net iergendwéi eppes beschleunegt hätt.
Mee op d’mannst geschitt elo eppes. Dofir wäerte mir Piraten hei zoustëmmen. Mee mir hoffen awer, dass d’Strategie vun deene Gréngen, fir aus dem Tanktourismus erauszeklammen, méi effektiv wäert gi wéi dat, wat se haut presentéiert hunn.
Merci.

Zesummenhang posts

Den europäesche Rechnungshaff huet a sengem Bericht 27/2024 festgestallt, datt just 16 Prozent vun den ausgetauschte Meldungen zu grenziwwerschreidende Steiergestaltunge vun de fënnef ënnersichten
Rezent Medieberichter no huet den Direkter vum Atomkraaftwierk zu Cattenom fir d’éischt d’Méiglechkeet vun engem neie Reakter vum Typ EPR op der Plaz ugeschwat.
An der Aktualitéit gouf e Fall public, wou eng Koppel, déi zënter 2022 zesummen ass an e Kand huet, net d’Méiglechkeet kritt sech ze