Gesetzesprojet 7734 iwwert d’Aféierung vun enger Flicht, fir d’Dokumenter fir den Enregistrement elektronesch ze deponéieren

Sven Clement:
Merci, Här President.
Léif Kolleeginnen a Kolleegen, ech kann elo nach net zur Motioun schwätzen, well ech se nach net gesinn hunn. Awer esou vun deem, wéi se presentéiert ginn ass, ass se eis ganz sympathesch an Dir wäert gläich a menger Ried mierken, firwat.
Als Éischt emol och hei erëm e grousse Merci un de Rapporter, deen eng awer méi komplex Matière erëm ganz gutt an edukativ wäertvoll duergeluecht huet. Well dëse Projet ass jo och net vu gëschter, deen ass net vun haut, deen ass och schonn e bësse méi al. Viru véier Joer huet dat Ganzt ugefaangen. Éier d’Piraten iwwerhaapt an der Chamber waren, gouf schonn un dësem Projet geschafft. Mee mat dësem Gesetz maache mer haut dann en éischte Schrëtt a Richtung Digitaliséierung vum Notariat.
Duerch eng nei Plattform sollen Donnéeën tëscht Nottären an dem Enregistrement kënne méi einfach a sécher transferéiert ginn. Esou sollen an Zukunft jo och authentesch reng elektronesch Akte méiglech sinn – e wichtege Schrëtt, well dat weidert Aspeise vun analogen Dokumenter an en elektronesche System ass net fortschrëttlech a virun allem mat zousätzlecher Aarbecht verbonnen, déi um Enn vum Dag de Konsument dréit.
Mir Piraten wënschen eis also an Zukunft e System, an deem eng pabeiers Kopie just nach fir de Client néideg ass an net méi fir d’Administratioune wéi de Kadaster oder den Enregistrement. Den elektroneschen Akt muss d’Zukunft sinn, well dëst erméiglecht méi schnell Transaktiounen an och e vereinfachten Archivage.
Grad dësen Archivage muss et zukünftege Fuerscher méi einfach maachen, Donnéeën ze duerchsichen. Genee wéi am Fall vum Chamberssite muss och dëse Portail fir d’Nottären nach lues a lues opgebaut an dann och schrëttweis verbessert ginn. Eist Zil
muss et schlussendlech sinn, datt méi séier an onkomplizéiert Donnéeë kënne verschéckt an awer och erëmfonnt ginn, well et bréngt eis näischt, wa mer eis an där Datemass herno net méi erëmfannen.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, op dëser Plaz wëll ech awer och nach en anere Punkt uschwätzen. Wéi d’Chambre des Salariés richteg an hirem Avis schreift, missten d’Donnéeën, déi d’Nottären zur Evolutioun vun den Immobiliepräisser
hunn, och kënnen zur statistescher Auswäertung genotzt ginn. Ech ginn dervun aus, wann ech d’Motioun da bis liesen, datt genau dat domat gefuerdert gëtt vun de Kolleeginne vun déi Lénk. Et kann nämlech net sinn, datt eis lescht Date vum Prix foncier aus dem Joer 2017 sinn an d’Konzentratioun vun den Terraine sech op Zuele vun net 2018, mee tatsächlech souguer nach 2016 baséiert!
D’Nottären hunn dës Donnéeën duerch d’Akten a sollten dës, natierlech ënner anonymiséierter respektiv pseudonymiséierter Form, kënnen un den Observatoire de l’habitat an un de Statec weiderginn. Nëmmen duerch méi prezis a rezent Informatioune kann d’Politik déi richteg Schrëtt huelen – wa se da wëllt -, fir d’Logementskris an de Grëff ze kréien.
Här President, léif Kolleeginnen a Kolleegen, d’Piraten ënnerstëtzen den Digitaliséierungsprozess am Nottärswiesen a wäerten dëse Projet duerfir och matstëmmen. Dëst Gesetz ass e wichtegen éischte Schrëtt. Mir musse prett sinn, fir dës Entwécklung awer och nach weiderzedreiwen.
A mir Piraten hoffen, datt dëse Projet och an Zukunft an Zesummenaarbecht mat den Acteuren um Terrain weidergedriwwe ka ginn. Falls Feeler oder Problemer sollten duerch den neie System optrieden, wat jo ëmmer, a si mer éierlech, an der Ufanksphas vun esou engem Projet wäert de Fall sinn, muss d’Chamber och prett sinn, fir déi néideg Verbesserungen um Text virzehuelen.
Fir eis Piraten muss d’Digitaliséierung an allen Administratiounen ëmgesat ginn, soudatt all wichteg Aktivitéite kënnen iwwer Internet ausgefouert an esou den Zäit- a Geldverloscht fir Staat a Biergerinnen a Bierger limitéiert ka ginn.
An deem Sënn wënsche mer eis, wéi gesot, datt d’Donnéeën, déi duerch d’Akte gesammelt ginn, méi konsequent fir d’Analys vum Logementsproblem agesat ginn an et eis esou erméiglecht gëtt, „evidence-based policy making“ ze maachen an net am Niwwel ze stocheren.
Ech soen Iech Merci.

Zesummenhang posts

Den europäesche Rechnungshaff huet a sengem Bericht 27/2024 festgestallt, datt just 16 Prozent vun den ausgetauschte Meldungen zu grenziwwerschreidende Steiergestaltunge vun de fënnef ënnersichten
Rezent Medieberichter no huet den Direkter vum Atomkraaftwierk zu Cattenom fir d’éischt d’Méiglechkeet vun engem neie Reakter vum Typ EPR op der Plaz ugeschwat.
An der Aktualitéit gouf e Fall public, wou eng Koppel, déi zënter 2022 zesummen ass an e Kand huet, net d’Méiglechkeet kritt sech ze