Marc Georgen:
Här President,
als Éischt merci dem Rapporter Carlo Back fir säi gudde Rapport. Energie a Ressourcë spueren, fir esou d’Ëmwelt an de Klima ze schützen, dat ass d’Zil vun dësem Gesetzesprojet. An deem Zil kënne mir Piraten eis nëmmen uschléissen. Och dat ass en Deel vun eiser mofer Ëmweltpolitik.
Wéi oft hu mer als Kanner fréier de Saz héieren: „Looss d’Luuchten net brennen!“ oder „Looss de Krunn net lafen!“? Ma genee dës Lektioun, déi mer als Kanner kruten, gëllt et u sech, an eiser Gesellschaft ëmzesetzen. Energie ass net einfach esou do, si muss produzéiert ginn. An d’Produktioun kascht, si kascht Ressourcen. D’Ressourcen op eiser Welt sinn awer nun emol begrenzt. Glécklecherweis sinn ëmmer méi Länner op der Welt sech däers bewosst. Mee mat der Erkenntnis eleng geet et net duer. Mir mussen handelen!
A virun allem zu Lëtzebuerg musse mer nach ganz vill Ustrengungen ënnerhuelen, fir vum Nettoverbraucher zur Energiespuerluucht ze ginn. Joer fir Joer ass eist Land ënnert deene Länner, déi am meeschte Ressourcen op eiser Welt verbrauchen. D’Nouvelle ass net nei. Mee grad dofir ass et ëmsou méi wichteg, de Leit dobaussen esou oft et nëmme geet kloerzemaachen: Mir mussen als Land méi nohalteg ginn!
De Rapporter hat et hei schonns erkläert: Mat deem Gesetz soll all Joer Stroum agespuert ginn. An et ginn och verschidde Kritikpunkten zu dësem Gesetz, op déi ech dann elo nach aginn.
Wéi d’Chambre de Commerce an hirem Avis geschriwwen huet, stellt sech d’Fro, ob net de Client zum Schluss d’Rechnung vun dësem Gesetz muss bezuelen; well och elo scho liewe Familljen an enger Energieaarmut hei am Land.
D’Chambre de Commerce fäert, dass virun allem grouss Stroumubidder déi héich Energieeffizienzziler net erreechen, de Montant vun hire Strofen dann einfach op hir Margen droprechnen an esou dem Client d’Endrechnung weiderginn. Hei rechent d’Chambre de Commerce vir, dass d’Stroum- an d’Gaspräisser bis zu 25 Millioune pro Joer kéinten an d’Luucht goen. Wann dëst sollt wouer ginn an d’Präisser an den nächste Jore sollte klammen, musse mer derfir suergen, dass déi méi schwaach Stéit entlaascht ginn an och déi kleng Firmen. Mir dierfen net nëmme blann Klimapolitik maachen, mee mir musse séchergoen, dass d’Leit matmaache kënnen a wëllen!
Schonn d’lescht Joer gouf et Präishaussë beim Stroum. Wéi den ILR schreift, ass de Stroum vun 2019 op 2020 ëm 10 % méi deier ginn. Jo, Energie huet hire Präis. Mee mir musse virun allem kucken, dass mer méi finanziell schwaach Bierger net mat deem Präis erwiergen. Op kee Fall dierf d’Gesetz dozou féieren, dass mer an e puer Joer nach méi Leit an d’Aarmut drécken.
Trotz éiergäizege Klimaziler dierfe mer net vergiessen, dass hannert dësem Projet och Mënsche stinn, ouni déi mer et net packe wäerten. Jidderee muss motivéiert ginn, beim Spuere vu Ressourcë matzeschaffen.
Dofir fanne mir Piraten, dass een d’Ambitiounen an deem Beräich héichhale muss an d’Käschte vun de Moossname mat enger besserer Ëmverdeelungspolitik kompenséiere muss.
Ech hunn dann nach eng lescht Umierkung, wou et ëm déi konkreet Fro geet: Wou kënnt eise Stroum hier? Jo, engersäits ass et gutt ze soen, et soll méi Energie gespuert ginn. Mee mir sollte virun allem kucken, dass de Stroum, dee mir benotzen, dann och zu 100 % ëmweltfrëndlech hiergestallt gëtt.
Aktuell befënnt sech am Stroummix vun Enovos ëmmer nach en Undeel un Atomstroum. Hei géife mer eis och ënnert engem grénge Minister endlech erwaarden, dass den Atomstroumprozentsaz endlech op null erofgeet! Wéi aus der parlamentarescher Fro vum honorabele Kolleeg Sven Clement ervirgeet: 10,4 % sinn Atomstroum am Mix hei am Land. D’Majoritéit huet sech schonn e puermol kloer géint Nuklearenergie positionéiert, nach de Moien hei an der Chamber. Ma mir fannen, et sollt een Neel mat Käpp maachen an derfir suergen, dass keen Atomstroum méi an eisem Stroummix ass.
Dofir deposéiere mir haut eng Motioun, déi d’Regierung dozou oprifft, e konkreete Plang auszeschaffen, fir bis 2030 aus dem Atomstroum erauszeklammen, an dee bis Enn des Joers virzestellen.
Dëst gesot, wäerte mir Piraten den Accord zu dësem Gesetz ginn.
Merci.
- February 6, 2025
- 2:36 pm
- Parlamentaresch Froen
Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat