Gesetzeslücken beim Online-Glécksspill

A senger parlamentarescher Fro n°853 krut den honorabelen Deputéierte Marc Spautz deemools geäntwert, datt Glécksspiller, déi vun engem anere Land aus als legal Aktivitéit bedriwwe ginn, net kënnen zu Lëtzebuerg verbuede ginn (“Ainsi, les jeux offerts sur Internet à partir de pays où l’activité est légale ne peuvent être prohibés”). 

Dëst bedeit, datt all Online-Glécksspillubidder aus dem Ausland säin Internetsite zu Lëtzebuerg ubidde kann, ouni Garantien ze ginn, wien den Ubidder ass a wou d’Suen, déi hei agesat ginn, am Endeffekt hifléissen. Et bedeit och, datt dës Online-Glécksspillfirme keng Steieren op hier Aktivitéiten op eisem Territoire bezuelen.

D’Ministesch bestätegt an der Äntwert op meng Fro n°3317, dass d’Ubidde vun engem Geschécklechkeetsspill, souwuel physesch wéi och um Internet, keng Autorisatioun brauch. Des Weideren ass der Ministesch bekannt, dass hei am Land verschidden dubiéis Spillsäiten iwwer Glécksspillbornen a Caféen ugebuede ginn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Warnunge krut d’Cellule de Renseignement Financier (CRF) tëschent 2017 an haut, am Zesummenhang mat der Exploitatioun vun illegale Glécksspillbornen? Wéi vill dovunner sinn an enger Verurteelung geendegt?

  2. Zu wéi vill Verurteelunge koum et an de leschten 3 Joer wéinst Geldwäsch am Zesummenhang mat illegale Glécksspillbornen?

  3. Wéi vill Verurteelunge goufen am Laf vun deene leschten 3 Joer am Zesummenhang mat Geldwäsch duerch d’Exploitatioun vun illegale Glécksspiller um Internet? 

  4. Wéi vill Verurteelunge goufen am Laf vun deene leschten 3 Joer am Zesummenhang mat der Verletzung vu Konsumenterechter duerch d’Exploitatioun vun illegale Glécksspiller um Internet? 

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 4331

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen