Gérance vun der Impfstrategie

Fir d’Verdeelung vun den Impfstoffer géint de Covid-19 ze koordinéieren, huet d’Regierung eng Impfstrategie opgestallt, déi virgesäit, dass verschidde Persounegruppe prioritär geimpft ginn, wärend anerer eréischt méi spéit dru komme sollen.

Elo sinn awer ëmmer méi oft Fäll bekannt ginn, wou Leit scho vun enger Impfung profitéiere konnten, obwuel si der Impfstrategie no nach net un der Rei gewiescht wären. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Gehéieren d’Impfstoffer géint de Covid-19, déi Lëtzebuerg geliwwert kritt, dem Lëtzebuerger Staat?
    Entsprécht et engem Vol vu Staatsbesëtz, wann eng Persoun sech impfe léisst, obwuel se net um Tour ass?

  2. Wéi kontrolléiert de Staat, dass keng Leit geimpft ginn, déi an de momentan lafende Phase vun der Impfstrategie net virgesi sinn? 

  3. Wéi vill Persoune sinn der Regierung bekannt, déi en Impfstoff kruten, obwuel si zum Zäitpunkt vun der Impfung d’Krittären net erfëllt hunn, fir prioritär geimpft ze ginn?
    Erginn sech fir dës Persoune Konsequenzen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3696

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt