Georges Schweich

Mäin Numm ass  Georges Schweich, ech si gescheet a Papp vun engem Kand

Mäin Brout verdéngen ech als Handwierker a Chef vum Wasserservice vu Sandweiler.

A menger Fräizäit maachen ech Radio (President vun Airfm24) an ech hunn eng grouss Passioun fir de Motorsport, Oldtimer Treffen a speziell US Cars. Ech kachen, reesen an fotograféieren och gär.
Donieft hëllefen ech aktiv beim CGDIS.

Ech engagéiere mech politesch, well ech gär dozou bäidroe well,

fir verschidde Saachen hei am Land ze veränneren.

Meng 3 bzw. 4 politesch Schwéierpunkttheme sinn :

1) Steier- a Rentegerechtegkeet:

  1. A) Steierklass 2 fir jiddereen
  2. B) Upassung vun der Mindestrent
  3. C) Gläichstellung vun der Witfraerent.

2) Entlaaschtung vum Verkéier an d’Aféierung vun engem Express-Zuch tëscht Esch-Lëtzebuerg Stad op dem bestoendem CFL-Netz, méi Busser fir d’Pendler an de lëtzebuerger Grenzgebidder.

3) Dateschutz/Recht op Privatliewen & CNPD ënnerstëtzen

4) méi Parkplaze fir Handicapéierter schafen(no beim Parkautomat) oder op mannst gratis Parkplaze fir si.

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene