genormte Modeller vun Adaptobusser

De 6te Mee gouf et eng Entrevue tëscht dem Ministère des transports an Info-Handicap. An der Entrevue goung et virun allem ëm Problemer ronderëm de Service vum Adapto, deen an der leschte Joren ëmmer nees wéinst enger Rei vun Dysfonctionnementer massiv an der Kritik stoung. Vun Info-Handicap gouf e Sondage ënnert hire Membere gemaach, fir Informatiounen iwwert verschidden Aspekter vum Adapto ze sammelen. Dobäi koum och eraus, dass 16,24% vun de Notzer scho mol eng Kéier mam Problem konfrontéiert gi sinn, dass de falsche Modell vu Gefier de Service sollt iwwerhuelen, also dass zum Beispill de Rollstull net an d’Gefier eragepasst huet. E Problem kann zum Beispill sinn, dass fir d’Aluede vun der Persoun am Rollstull en elektresche Lift gebraucht gëtt, deen awer net am Gefier verbaut ass.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Plangt de Ministère, dass an Zukunft all d’Gefierer, déi am Service vum Adapto dierfe genotzt ginn, mussen nom Prinzip vum Design for all genormt ginn, fir dass se fir all betraffe Persoun an all Typ vu Rollstull notzbar sinn?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 717

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen