Genauegkeet vu Radarmiessungen

Laut engem Wort Artikel vum 1.02.2021 huet ee Camionschauffer Klo agereecht, wëll en mat 71km/h (74km/h minus déi 3km/h Toleranz) geblëtzt gi war. Ouni wëllen an d’Affäre vun der Justiz anzegräifen, goufen am Laf vum Prozess verschidden Informatiounen zu de Radare virgestallt, déi Froen opwerfen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Esou huet de Chauffeur laut Zeitungsartikel Beweiser virgeluecht, dass et beim Modell Poliscan Vitronic an Däitschland zu Fehlmoossunge kéim. Setzt och Lëtzebuerg Modeller vun der Mark Vitronic an? 

• Wann jo wéi vill? 

• Wéi eng aner Modeller ginn zu Lëtzebuerg genotzt a wat sinn d’Feelerquoten, déi d’Hiersteller bei de jeeweilege Modeller ugëtt?

  1. Fënnt de Minister, dass d’Toleranzgrenz vun de Radare vun 3km/h net méi héisch misst sinn? 

  2. De betraffene Radar gouf 2016 installéiert, an 2018 nach eemol iwwerpréift. Wéi oft kënnt et zu technesche Kontrolle vun de Radaren duerch d’Société Nationale de Certification et d’Homologation ?

  3. Huet de Ministère déi technesch Donnéeën zur Genauegkeet vun de Radarmiessungen? 

• Sinn dës Donnéeën ëffentlech zougänglech?

• Falls nee, plangt de Ministère dës ëffentlech ze maachen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3559

Zesummenhang posts

An mindestens engem Foyer fir Leit déi op Lëtzebuerg geflücht sinn elo am Wanter Zoustänn, déi esou fir Kanner an och Erwuessener net gutt
Lëtzebuerg fir d’Zukunft stäerken. Dat geet nëmmen, wa Lëtzebuerg energiepolitesch esou onofhängeg wéi méiglech ass. Dofir muss virun allem de Staat mam gudde Beispill
Den 21te Juli dëst Joer gouf vun der deemoleger Majoritéit Arméisgesetz ofgeännert. Am neien Artikel 32 gouf een Evaluéierungssystem vun den Zaldoten agefouert, deen