Kaméidi am Kordall – wat maachen géint den Traffic op der Collectrice?

Esou wéi den Ëmweltministère et gefuerdert hat, hunn 9 Südgemenge viru kuerzem een Aktiounsplang géint Kaméidi ausgeschafft an dësen a verschiddee Gemengerotssëtzunge schonns thematiséiert an diskutéiert.

Esou wéi a villen anere Gemengen, gouf och zu Péiteng de Stroossen – a Schinneverkéier als Haaptquell vum Kaméidi identifizéiert. Zu Péiteng ass et notamment de Kaméidi duerch de Verkéier op der Collectrice (Avenue de l’Europe), dee vill Biergerinnen a Bierger belaascht.

Fir de Kaméidi op der Streck ze reduzéieren, kënne verschidde Moossname getraff ginn. Engersäits kéint ee beim Rond-Point LTMA de Flux vun Autoe besser maachen, andeems een esou wéi beim Centre Wax eng Ënnerféierung ënnert dem Rond-Point géif gruewen. Anerersäits kënne Geschwindegkeetsbegrenzungen an och Schallschutzmaueren hiren Deel dozou bäidroen, dass de Kaméidi net iwwert dat ganzt Kordall ze héieren ass.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Gefierer fueren an de Spëtzenzäiten um Segment vun der Péitenger Collectrice?

  2. Wéi eng Moossname wäerten d’Ministeren ënnerhuelen, fir de Kaméidi, dee vun der Collectrice ausgeet, ze reduzéieren?

  3. Wéi bewäerten d’Ministeren d’Optioun, eng Schallschutzmauer op der Collectrice ze bauen?

  4. Wéi bewäert de Minister d’Optioun, eng weider Ënnerféierung ënnert dem Rond-Point beim LTMA ze bauen?

  5. Wéi bewäert de Minister d’Optioun, eng méi niddreg Geschwindegkeetsbegrenzung um Segment tëschent der Biff an dem Dräilännereck anzeféieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3847

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene