Gemengereglementer Staatsstroossen

Eng Réi Gemenge wéi Ettelbréck, Schëffleng oder Monnerech hunn Reglementer geholl, déi d’Staatsstroosse betreffen. Dës Reglementer gëlle méi wéi 72 Stonne, also méi wéi et soss am Kader vun engem Gemengereglement de Fall ass, wat d’Staatsstroosse matbetrëfft. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet de Minister de genannte Gemengen hir Reglementer acceptéiert?

  2. Am Fall wou d’Äntwert op déi éischt Fro nee ass, kënnen d’Gemenge via Policereglement Decisioune par Rapport zu Staatsstroossen huelen ouni den Accord vum Ministère fir ëffentlech Aarbechten?
    • Wa jo, wéi laang sinn dës gülteg?
    • Wa nee, wäert de Minister bei de betraffene Gemengen intervenéieren?

  3. Wat fir eng Influenz huet eng Absence vun enger Approbatioun vum Minister op dës Gemengereglementer?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8284

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt