Gemengekommissiounen: wien dierf vertruede sinn?

Den Artikel 15 vum Gemengegesetz hält betreffend de consultative Kommissioune Folgendes fest:

« Le conseil communal peut constituer des commissions consultatives dont la composition, le fonctionnement et les attributions sont fixés par règlement d’ordre intérieur. Dans les communes qui votent d’après le système de la représentation proportionnelle chaque groupement de candidats est représentédans les commissions consultatives en fonction du nombre de ses élus au conseil. »

Et ass mir aus enger Gemeng hei am Land zougedroe ginn, dass verschidde Parteien a Gruppementer net an alle consultative Kommissioune kënne vertruede sinn. An dëser Gemeng sinn d’Vertrieder aus den Oppositiounsparteien gezwongen, fir sech d’Sëtz ënnerteen opzedeelen. Deemno ass net all Grupp an de Kommissioun repräsentéiert.

Déi besote Gemeng interpretéiert d’Gemengegesetz esou, dass d’Sëtz an de Kommissioune proportional zu de Sëtz am Gemengerot definéiert ginn an deemno net all Partei oder Gruppement an all Kommissioun misst vertruede sinn. 

An den nächste Woche gi vill Gemengeréit vereedegt an d’consultativ Kommissiounen zesummegestallt. Et wier dofir wichteg, dass hei an alle Gemengen déi selwecht Reegelen ugewannt ginn an Onkloerheeten aus dem Wee geraumt ginn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi interpretéiert d’Inneministesch de Wuertlaut vum Artikel 15 vum Gemengegesetz? Muss all Partei oder Grupp, déi am Gemengerot vertruede sinn, an allen consultative Kommissioune vertruede sinn oder net? 
  2. Wäert d’Inneministesch zu dëser Thematik eng Circulaire un d’Gemengen erausschécken?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8138

20230711 QP GOERGEN Vertrieder a Gemengekommissiounen.pdf

Herunterladen

Zesummenhang posts

Dës Motioun gouf mat Hëllef vun enger kënschtlecher Intelligenz (KI) erstallt. Als KI weisen ech op potenziell Risiken hin, déi mam Asaz vu kënschtlecher
Context: Interpellation n°4461 : Enjeux liés à la digitalisation et à l’intégration de l’intelligence artificielle dans les services publics D’Chamber vun den Deputéierten stellt
PEGASUS: dat ass eng Software, déi vu Staaten kaf gëtt fir Mënschen op hiren Handyen z’iwwerwaachen. Dës Software gouf schons vu Regierungen agesat, fir