An de leschte Méint a Joren hunn et ëmmer nees Geldautomatesprengunge ginn, wéi elo rezent zu Reisduerf. Dëst ass eng besonnesch Erausfuerderung fir d’Police, well d’Täter an der Reegel séier fortlafen an dacks net kënne fonnt ginn.
Dofir ass et wichteg, datt konkret Moossname geholl ginn, fir d’Sécherheet vun de Geldautomaten ze verbesseren an d’Täter méi dacks ze verhaften. D’Efforten an deem Beräich muss verstäerkt ginn, fir d’Sécherheet vun de Bierger ze garantéieren.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi vill Geldautomatesprengunge goufen et an de leschte 5 Joer, opgelëscht no Joren, zu Lëtzebuerg a wéi vill Täter konnte bis elo identifizéiert a festgeholl ginn?
-
Wéi eng konkret Moossnamen si geplangt, fir d’Sécherheet vun de Geldautomaten ze verbesseren, z.B. duerch technesch Moossnamen un den Automaten oder eng verstäerkt Iwwerwaachung?
-
Wéi kënnen d’Police an d’Justiz hir Zesummenaarbecht verbessere fir d’Opklärungsquot vun de Geldautomatesprengungen ze erhéijen an d’Täter méi dacks festzehuelen?
-
Wéi kann déi grenziwwerschreidend Kooperatioun mat de Nopeschlänner an deem Beräich weider ausbaut ginn, well et sech bei den Täter warscheinlech dacks ëm international Banden handelt?
QP Nummer 1798