Geklaute Master-Key vu Microsoft – och Lëtzebuerg betraff

Verschiddenen däitsche Medien no, ass et chineeseschen Hackere gelongen, duerch ee geklaute Master-Key vu Microsoft, un d’E-Maile vun europäesche Verwaltungen ze kommen. Outlook, Sharepoint, Office365, Teams, Onedrive an Drëttsäiten, déi  “Sign in with Microsoft” ubidden, solle betraff sinn.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet d’Lëtzebuerger Regierung Informatioune zu dësem Tëschefall vu Microsoft krut?
    Wa jo, wéi eng?
    Wann nee, wäert d’Regierung sech informéieren?

  2. Wäert d’Regierung d’Verwaltungen uweisen, fir ze verhënneren, dass et zu Informatiounsleaks bei staatleche Servicer  duerch vun den Hacker hannerloossen Hannerdieren kënnt? 

  3. Wéi schätzt d’Regierung d’Sécherheetsgefor vun dësem Tëschefall fir d’lëtzebuergesch Verwaltungen an?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8209

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt