Geféierlechen Drot fir Déieren

Wéi een de 14ten Februar an engem Artikel op RTL liese konnt, gëtt elo den Drot bei der aler Bauschuttdeponie zu Helleng ewech geholl. Dëst nodeems vill Déieren, virun allem Réi sech am Drot verfaangen haten a gestuerwe sinn. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet de Staat och Plazen, wou en Ursus-Drot opgeriicht huet, wou d’Réi an aner Déiere kéinten dran hänke bléiwen an sech verletzen oder souguer stierwen? Wa jo, wou ass iwwerall des Drot?

  2. Wisou gouf ugefaangen dësen Drot ze benotzen, wann gewosst war, wat d’Konsequenze fir Déiere sinn?

  3. Am Fall wou de Staat Ursus-Drot benotzt, ass geplangt dësen ze ersetzen?
    • Wa jo, bis wéini soll dësen iwwerall ersat sinn?
    • Wa nee, firwat net?

  4. Wat géifen Alternativen aus Holz un zousätzleche Käschte bedeiten?

  5. Ass am Moment geplangt den Ursus-Drot op neie Plazen anzesetzen?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7604

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen