Gaymat 2018 – Piraten denke queesch!

D’Piratepartei ënnerstëtzt zënter 2012 de lëtzebuergeschen Pride Gaymat. Zënter eiser Grënnung setze mir eis fir e friddlecht a respektvolle Mateneen an, wou d’Rechter vun der LGBTQ-Community eis och besonneg um Häerze leien.

Et ass eis dofir en Uleies, eis och dëst Joer nees géint d’Diskriminéierung vu sexueller Orientéierung an geschlechtlecher Identitéit anzesetzen. Dir fannt eis dofir den 14. Juli mat engem Stand um Gaymat op der Escher Gemengeplaz, wou mir natierlech eng hellewull un Informatiounsmaterial dobäi hunn.

2017 gëtt et awer och fir eis eng Premiere: nodeems d’Piraten zënter der Erëmafféierung vun engem Equality-March all Joers als Foussgrupp matmarschéieren, wëlle mir dëst Joer mat engem eegene Won en Zeechen fir méi Akzeptanz setzen an esou d’Organisatioun vun dësem wichtegen Cortège ënnerstëtzen.

Och wann et gläichgeschlechtlechen Koppelen zënter 2015 endlech erlabt ass, sech bestueden ze kënnen, sou bleiwt awer nach vill ze maachen: Vereinfachungen an der Legislatioun beim Changement vum Geschlecht an de Pabeieren sou wéi bei Geschlechtsugläichenden Operatiounen vun transident an intersexuelle Leit, d’Erlabe vu Bluttspenden fir homosexuell Männer etc. Net ze vergiessen, datt et nach Länner op dëser Äerd ginn, an deem LGBTQ-Mënschen nach ëmmer verfollegt, gefoltert an ëmbruecht ginn.

Kommt dofir e Samsden, den 14. Juli op Esch an zelebréiert mat eis an der gesamter LGBTQ-Community déi d’Diversitéit vun enger fuerweger, toleranter an liewensfrouer Gesellschaft.

 

 

 

 

Méi zum Thema:

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene