Gastspriecher op der Uni.lu

D’Universitéit Lëtzebuerg huet fir de 7. Oktober eng Konferenz mam Titel “Climate Change: What Challenges for Science and Society” organiséiert. Als Gastspriecher gouf den Här Petre Roman, fréiere Premier vu Rumänien, agelueden. Wärend mir d’Onofhängegkeet vun der Universitéit an hir wëssenschaftlech Integritéit respektéieren, werfen d’Hannergrënn vum Här Roman e puer Froen op. 

An deem Zesummenhang wéilt ech der Madamm Ministesch dës Fro stellen:

  1. War de Minister sech bewosst, dass den Här Roman am Moment an enger Enquête a Rumänien involvéiert ass wéinst méigleche Verbrieche géint d’Mënschlechkeet am Joer 1990?
  2. Huet d’Regierung iergendeng Roll bei der Organisatioun vun dësem Evenement gespillt oder d’Invitatioun vum Här Roman beaflosst?
  3. Ginn et Richtlinnen oder Prozedure vun der d’Universitéit Lëtzebuerg, déi d’Auswiel vu Gastspriecher fir akademesch Evenementer reegelen, besonnesch am Hibléck op hiren Hannergrond an hir Expertisen am jeeweilege Beräich?
  4. Wat ass d’Positioun vum Minister bezüglech der Participatioun vu Regierungsmemberen un dësem Evenement, am Liicht vun de genannte Circonstancen?

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene