Gasaustieg – Nofro

An senger Äntwert op meng Question parlementaire n°7133 huet den Minister Folgendes geäntwert: “Dat am aktuellen “Plan national intégré en matière d’énergie et de climat” (PNEC) formuléiert Zil ass d’Klimaneutralitéit spéitstens bis 2050. Fir déi Klimaneutralitéit ze erreechen, ass et noutwenneg, dass op de Gebrauch vun alle fossillen Energiequellen muss verzicht ginn, och op de Gas.””

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass beim Verzicht op de Gas och de Biogas mat abegraff?
    Wa jo, wat fir Alternativen si konkret fir de Biogas virgesinn, wëssend dass mat enger ganzer Rei Biogasanlage gréisser Infrastrukturen oder Deeler vu Gemengen (souwuel privat ewéi och ëffentlech Gebaier) uechtert d’Land (zum Beispill d’Biogasanlagen zu Biekerech an zu Réiden Atert) gehëtzt ginn?

  2. Wéi steet de Minister dozou fir nom Enn vum Gas aus fossille Quelle, Waasserstoff an déi bestoend Gasreseauen anzespeisen, wëssend dass et haut Chaudière ginn, déi mat Waasserstoff funktionéieren?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7390

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt