De Gas gouf wärend laanger Zäit als nohaltëg Alternative propagéiert a vill Leit hunn hir traditionell Masuttsheizung duerch eng Gasheizung ersat. Duerch de Krich an der Ukrain an de Sanktioune géint Russland ass de Gas an Europa méi knapp ginn an d’Präisser um Weltmarché sinn explodéiert, wat fir vill Leit e grousse finanzielle Problem ass. Zudeem huet den Energieminister gesoot, dass “datt vum 1te Januar 2023 ee keng Geneemegung méi fir en neit Gebai kritt, wat net eng Wäermepompel huet”.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Plangt d’Regierung en kompletten Ausstieg vu Lëtzebuerg aus dem Gas? Wa jo, zënter wéini lafen dës Pläng genau a wéi sollen dës ëmgesat ginn? Wa nee, firwat net a soll sech do eppes a noer Zukunft änneren?
-
Ginn aktuell nach Aarbechte fir den Ausbau vum Gasreseau virgeholl?
-
Ginn Gebaier “en attente”, déi also scho méi laang un de Gasreseau sollten ugeschloss ginn, aktuell nach un dësen ugeschloss?
-
Wann d’Äntwert op Fro 3 jo ass, kënnen d’Leit nach aus dëse Kontrakter erausklammen an hir Sue rembourséiert kréien?
-
Ass eng Aide fir Leit geplangt, déi réischt rezent, zum Beispill an de leschten 10 Joer, op eng Gasheizung ëmgestallt hunn, fir op zum Beispill eng Wärmepompel ëmzestellen?
QP Nummer 7133