Gare a P&R Rodange

 Dëst Joer gouf zu Rodange ee Park&Ride mat iwwer 1500 Parkplazen opgemaach. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Am Koalitiounsaccord ass festgehalen, dass Parkingsflächen solle mat Solaranlagen equipéiert ginn. Ass dëst bei dësem Parking schonn de Fall?
    • Falls jo, wéi vill Stroum kann hei am Joer hiergestallt ginn?
    • Falls nee, bis wéini wäert dës Fläch mat Solaranlagen equipéiert ginn?

  2. Op wéi engen aneren CFL-Parkingen a Gebaier si Solaranlagen installéiert a wéi vill Stroum kann hei am Joer produzéiert ginn?

  3. D’Beliichtung vun dësem Parking zu Rodange ass och nuets un. Kann d’Ministesch bestätegen, dass d’Luuchten aus Sécherheetsgrënn ugelooss ginn? Falls jo, wéi vill Stroum gëtt dofir pro Nuecht verbraucht?

 

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt