Futti s Rout Luucht an der Rue Jean-Baptiste Gillardin

Sou wéi den Artikel 25 vum Gemengegesetz et virgesäit, hu mir dem Schäfferot zu Péiteng folgend Fro gestallt.

Zu Péiteng ass zënter e puer Wochen eng Rout Luucht defekt. Et handelt sech ëm d’Luucht an der Rue Jean-Baptiste Gillardin, déi no vun der Primärschoul, der Museksschoul, der Seniorerie an der Kierch verleeft, deemno op engem geféierlechen Eck, wou vill Foussgänger ënnerwee sinn a wou d’Autosfuerer aus enger oniwwersiichtlecher Kéier erauskommen. Wéinst der schlechter Siicht besteet deemno een erhéichte Risiko vun engem Accident.

An deem Zesummenhang wëll ech dem Schäfferot a Buergermeeschter dës Froe stellen: 

  1. Zënter wéini ass di besoten Rout Luucht defekt?
  2. Firwat ass d’Rout Luucht bis haut nach net gefléckt ginn?
  3. Huet d‘Gemeng ee Stock un Ersatzmaterial fir an esou Fäll kënne séier ze reagéieren?
  4. Wéini wäert déi besoten Rout Luucht gefléckt ginn?

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt