Führerschäin

An Däitschland huet d’Verkéiersministesch-Konferenz rezent op déi héich Käschte vun der Führerschäinausbildung reagéiert an effektiv Moossname gefuerdert fir dës Käschten anzedämmen. Laut däitsche Medie kann e Führerschäi bis zu 4.500 Euro kaschten, an d’Zil wier et, dës Käschten op 2.000 bis 3.000 Euro ze reduzéieren. Als eng vun de Léisunge gëtt d’Reduktioun vun den Duerchfallquoten an der Theorie proposéiert, souwéi den Asaz vu Fuersimulatoren an der Praxis.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi héich war 2024 d’Duerchfallquot bei der theoretescher Führerschäinsprüfung zu Lëtzebuerg?

  2. Wéi héich war 2024 d’Duerchfallquot bei der praktescher Führerschäinsprüfung, a wéi oft falen d’Kandidaten duerch?

  3. Ginn et Iwwerleeungen, fir d’Käschte vum Führerschäin ze reduzéieren, änlech wéi een dat elo an Däitschland proposéiert?

  4. Gëtt iwwert de Potenzial vun digitalen Hëllefsmëttelen an der Führerschäinausbildung, wéi z.B. duerch Fuersimulatoren, nogeduecht?

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 2195

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt