An den Äntwerten op meng parlamentaresch Froen n°347 an 1915 krut ech Informatiounen iwwert de Fuerpark beim Staat an d’Autoe vun der Regierung.
An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:
-
Wéi héich waren d’Ausgabe fir de Fuerpark vun den eenzele Ministèren am Joer 2020?
-
Wéi vill Elektroautoen a wéi vill Autoe mat Verbrennungsmotor goufen 2020 fir de Fuerpark vum ëffentlechen Déngscht kaf?
-
Wéi vill Autoe mat engem Verbrennungsmotor, wéi vill Elektroautoen a wéi vill Autoe mat Hybriduntrieb befannen sech, opgeschlësselt no Ministère, aktuell am Fuerpark vum Staat? Wéi huet sech de Prozentsaz vun dësen Typpen am Verglach zum Total an de leschte 5 Joer entwéckelt?
-
Opgelëscht no Ministère, wéi vill Joren sinn d’Gefierer, déi de Staat akeeft, am Duerchschnëtt am Gebrauch, iert se verkaf oder verschrott ginn? Wéi vill Autoen sinn an de leschte 5 Joer, opgelëscht no Ministère, verschrott ginn?
-
Wéi vill Autoen befannen sech aktuell am Fuerpark vun der Regierung?
-
2018 louch d’Moyenne vum CO2-Ausstouss vum Fuerpark vun de Regierungsmembere bei 119,35g CO2/km an 2019 loung se bei 106,37g CO2/km.
Fir d’Joer 2020,
1. wéi vill Emissioune CO2 stéisst de Fuerpark vun de Regierungsmemberen aus? (opgelëscht no der NEFZ– an der WLTP–Ausstoussnorm)
2. wéi vill Liter/100km verbraucht de Fuerpark (Duerchschnëtt+Median)?
3. wéi vill PS huet de Fuerpark vun der Regierung (Duerchschnëtt+Median)? -
Op meng Fro n°1915 hat de Minister geäntwert:
“Wéi schonn an der Äntwert op d’parlamentaresch Ufro N°347 vum 12. Februar 2019 geschriwwe, solle prioritär Hybride a Plug-in Hybride kaf ginn, esou dat dei duerchschnettlech CO2-Emissioune weider fale wäerten. Et gett och gepreift fir an noer Zukunft 100% Elektroautoen ze kafen.”Wéi vill Elektroautoen befannen sech aktuell am Fuerpark vun der Regierung?
QP Nummer 3746