Froen zu GovSat

Wéi 100,7 beriicht gëtt de lëtzebuergesche Militärsatellit GovSat1 zwee Joer nom Start vum Projet bal net benotzt. Et handelt sech bei GovSat ëm ee private-public Partnership tëscht dem Staat an der Satellitefirma SES, un der de Staat 12,60% Undeeler besëtzt. D’Firma huet ausser dem lëtzebuergesche Staat aktuell keen eenzege Client an huet de Steierzueler, den Informatioune vun 100,7 no, bis ewell 167 Milliounen Euro kascht.

An deem Zesummenhang wéilt ech dem Minister dës Froe stellen:

  1. 100,7 schreift, dass d’Schwieregkeeten doranner leien, “datt Gov-Sat e Public-Private-Partnership tëschent dem Staat an der SES ass.”
    Wéi eng Schwieregkeeten hunn sech aus der Konstellatioun vu GovSat als privat public partnership erginn? 
  2. Wat sinn d’Grënn, firwat GovSat bis haut keen eenzege Client ausser dem lëtzebuergesche Staat huet?
  3. Ginn d’Servicer vu GovSat “Gov2Gov” (government to government) oder ënnert der Form vun enger Privatentreprise? Falls GovSat am Ausland als eng privat Entreprise consideréiert gëtt:
    • U wéi villen ëffentlechen Ausschreiwungen huet GovSat deelgeholl? 
    • Kann de Minister confirméieren, dass effektiv keen eenzegen Optrag huet konnten u Land gezu ginn?
  4. Wéi vill Euro huet de Projet GovSat de Steierzueler bis haut insgesamt kascht (Operatiounskäschten inkluéiert)?

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen