Fro zu de Krittären fir Publicitéit vu Privatfirmen op den offizielle soziale Medien vun der Gemeng

Thema : Fro zu de Krittären fir Publicitéit vu Privatfirmen op den offizielle soziale Medien vun der Gemeng

Här Buergermeeschter,

sou wéi den Artikel 25 vum Gemengegesetz et virgesäit, wëll ech dem Schäfferot eng Fro stellen.

Allgemeng sinn d’sozial Medie vun der Gemeng neutral an informativ gehalen, a ginn de Biergerinnen a Bierger vill Informatiounen iwwert d’Liewen an der Péitenger Gemeng weider.

Den 11te September gouf op der Facebooksäit vun der Gemeng eng Pub fir de Kuerbuttek a vu “Péiteng on Air” gepost, wat sech erkläert duerch hier Kooperatioun mat der Gemeng Péiteng.

De 17te September gouf um offizielle  Facebook-Site “Commune de Pétange” ee Gewënnspill a Kooperatioun mat engem Escher Vëlosbuttek gepost. Et gouf also Pub gemaach fir een Buttek, deen doriwwer eraus ausserhalb vuneiser Gemeng leit. Klickt een op de “Jeu Concours”, gesäit een eng weider Pub mam Logo fir de Butték “Cycles Rasqui” zu Esch.

 

An deem Zesummenhang wëll ech dem Schäfferot a Buergermeeschter dës Froe stellen: 

  1. Wéi ass d’Equipe fir Social Media an der Gemeng opgestallt an der Verwaltung?
  2. Op wei enge Social Media Plattformen ass d’Verwaltung vun der Gemeng ëffentlech ënnerwee?
  3. Huet de Schäfferot Reegelen opgestallt, ab wéini  ee kommerziellen Logo a Vergläichbares däerf gepost ginn?
    1. Falls jo, kann d’Gemeng dëse Reglement integral am Impressum verëffentlechen?
    2. Falls nee, wisou gouf kee Reglement erstallt?
  4. Goufen Reegelen ausgeschafft, déi d’Posten op de Plattformen betreffen?
  5. Goufen Reegele fir d’Moderatioun vu Kommentaren ausgeschafft?
  6. Wéi vill Reechwäit hunn déi eenzel Kanäl vun der Gemeng Péiteng?
    (Opgelëscht pro Mount iwwert 2 Joer).
  7. Wei kënne Veräiner hier Aktivitéiten op de Social Media Kanäl
    vun der Gemeng deelen?

 

Merci fir Är Opmierksamkeet an Äntwert,

Marc Goergen
Gemengeconseiller

Zesummenhang posts

Kaderprogramm Péiteng 2023
Mam Gesetz vum 2ten November 2021 ass eng EU-Direktiv ëmgesat ginn, iwwert d’Kontroll vun der Proportionalitéit beim Accès zu verschiddene Beruffer. Am Mäerz 2023