FRO.LU: Xte Nofro zur Rupture de stock Medezinsche Cannabis

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Laut eisen Informatiounen gëtt et schonn erëm eng Rupture de Stock beim medezinesche Cannabis. Nëmme Cannabis-Ueleger wieren am Moment nach ze kréien. Eisen Informatiounen no, soll dann och d’Aart vum Produit, deen de Patienten gi gëtt, geännert ginn: vun Tilray op SchrollMedical. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat gëtt dëse Wiessel gemaach?

  2. Firwat gouf net séchergestallt, dass et bei dësem Wiessel net zu engem Enkpass u Cannabis kënnt?

  3. Firwat gëtt de Faarfcode Rout/Blo/Giel erëm agefouert, nodeems e mam neie Fournisseur ofgeschaaft ginn war?

  4. Wéini wäerten déi 3 Zorten erëm disponibel sinn?

  5. Wéi vill bléift tëschenzäitlech un Ueleg?

Fro n°8319

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 8319

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt