FRO.LU: Waardezäit IRM

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 huet d’Ministesch Delaie fir d’Notzung vum IRM vun deene verschiddene Klinicken virgeluecht. Esou hätt ee Patient am CHdN an der Moyenne 34 Deeg op ee Rendez-vous fir den IRM gewaart, am CHEM 23 Deeg, am CHL 43 Deeg an am HRS 28 Deeg (Stand Januar 2021). Mir läit awer eng Confirmation de Rendez-vous fir, bei der ee Patient aus dem CHL iwwer 80 Deeg, bis d’nächst Joer Januar, muss op säi Rendez-vous waarden. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann d’Madamm Ministesch dës grouss Diskrepanz tëscht der Moyenne déi vum CHL ugëtt, an der Confirmation de Rendez-vous déi mir virläit erklären? Wat kënnen d’Grënn fir esou ee laangen Delai sinn?

  2. Wéi hunn sech d’Chifferen aus der parlamentarescher Fro 4032 säit Januar entwéckelt? Wou stinn Delaie fir ee Rendez-vous fir den IRM haut?

Fro n°5159

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5159

Zesummenhang posts

 D’Ukrain-Kontaktgrupp huet sech eng leschte Kéier zu Ramstein getraff, ier den Donald Trump nees säin Amt untrëtt. Dës Grupp war an der Vergaangenheet zentral
An Däitschland gëtt d’Gewaltschutzgesetz verstäerkt an et gëtt e neit Gewalthëllefegesetz ausgeschafft. Zu Lëtzebuerg weisen d’Statistiken, dass et och bei eis Handlungsbedarf gëtt: eleng
Duerch politesch Ëmwälzungen a Syrien huet d’Lëtzebuerger Regierung temporär d’Beaarbechtung vun Asylunträg vu syresche Staatsbierger ausgesat. Familljenzesummeféierunge sinn awer weiderhi méiglech, wéi den Inneminister