FRO.LU: Verdeelten Ipad’en

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Um Ufank vun der Covid-Kris hat de Minister ugekënnegt, Ipad’en anzekafen, fir deene Kanner zur Verfügung ze stellen, déi bis dohin net déi technesch Méiglechkeeten doheem haten, fir online kënnen um Unterrecht deel ze huelen. An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°2992, hat den Educatiounsminister erkläert, dass am Dezember 2020 25’500 Tabletten an de Lycéeën am Asaz waren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Ipad’en goufen u Schüler aus de Lycéeën a Primärschoule wéinst der Covid-Kris verdeelt? 

  2. A wéi enge Schoule genau sinn dës Ipad’en zum Asaz komm?

  3. Wéi vill vun deene geléinten Ipad´en sinn um Enn vum Schouljoer 2020-2021 erëm ofgi ginn? Wéi vill Apparater hunn wéinst Schied missen ersat ginn? 

  4. Wéi vill Ipad’en si fir d’Schouljoer 2021-2022 un d’Schüler verdeelt ginn?

Fro n°5397

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5397

Zesummenhang posts

Context: Interpellation n°3075: Perspectives de développement de l’économie luxembourgeoise D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: Déi europäesch Zentralbank huet bannent engem Joer de Leetzëns
Dem Busverkéier kënnt eng Schlësselroll beim ëffentlechen Transport an eisem Land zou. Heibäi däerfe mir net nëmmen u Fuerpläng, u Bus-Couloiren an un d’Fuermaterial