FRO.LU: Unzuel u Konsultatiounen

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

D’CNS erlabt de Remboursement vun 12 Konsultatiounen iwwer 6 Méint bei engem Generalist oder Spezialist. Fir all weider Konsultatioun freet d’CNS eng Justifikatioun, respektiv et muss een am Virraus ëm Erlabnis bei der Keess froen. Bei Patiente mat medezineschem Cannabis, déi widderhuelt bei hiren Dokter oder hir Doktesch mussen, kënnen scho mol séier vill Konsultatiounen zesumme kommen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat gëtt et dës Reegelung vun den 12 Konsultatiounen? 

  2. Wéi vill Persounen hunn déi 12 Konsultatiounen an de leschte 5 Joer iwwerschratt an hunn dofir mussen eng speziell Erlabnis vun der CNS kréien fir de Remboursement?

  3. Wat brauch d’CNS un Informatiounen, fir esou een Remboursement ze geneemegen? 

  4. Wier eng speziell Reeglung fir Patienten, déi medezinesche Cannabis kréien oder z.B. eng Kriibsbehandlung maachen, an den Aen vun der Ministesch sënnvoll? Wa jo, wäert d’Ministesch dës emsetzen? Wa nee, firwat net?

Fro n°446

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 446

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen