FRO.LU: Ugefroten Lizenzen bei der CSSF

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

All Dag kommen Investisseuren op Lëtzebuerg a froe Lizenzen un fir hire Businesss ze starten. Net jidderee kritt en Lizenz, net jiddereen brengt d’Prozdur op een Enn. Zuelen vun den Tentativen déi ofgebrach gi sinn, kënnen Auskonft ginn zur Schwieregkeet vun der Prozedur. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Kann de Ministère d’Zuele gi fir d’Joren 2021, 2022 an 2023 (bis Oktober) op monatlecher Basis an opgedeelt no Zort Lizenz (PI, EMI, AIFM, Bank, PSF, Kredittinstituter, etc):
    – Unzuel vu Lizenzen déi ausgestallt gi sinn;
    – Unzuel u Lizenzen déi refuséiert gi sinn;
    – Unzuel vu Demande wou een onkompletten Dossier no dem Oflaf vum Delai clôturéiert ginn ass.

Fro n°18

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 18

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt