FRO.LU: Typen vu Schnelltester

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Den 12ten Januar huet dat däitscht Paul Ehrlich Institut eng Lëscht erausbruecht, an deem d’Effektivitéit vun de Schnelltester evaluéiert ginn ass. Jee no Hiersteller ginn et grouss Ënnerscheeder wat d’Sensibilitéit vun den Tester ugeet, also ab wéi enger Quantitéit u Virus si dësen erkennen an uweisen. Tester, déi hei zu Lëtzebuerg vum Staat un d’Schoulen a Betriber (virun allem aus dem Horeca-Secteur) verdeelt goufen, schneiden hei deelweis ee gutt Stéck méi schlecht of, wéi aner Schnelltester fir den Eegegebrauch (Wondfo 30%, Lepu 46%, Siemens 76% Gesamtsensibilitéit).  Mat de leschten Ännerunge vum Covid-Gesetz gëtt elo erëm massiv op Autotester gesat, wëll geimpfte Persoune 3 Deeg éischter aus der Isolatioun dierfen, wann 2 Autotester um 5ten a 6ten Dag negativ sinn. An deem Kontext ass d’Sensitivitéit vun de Schnelltester also ëmsou méi wichteg, fir ze verhënneren, dass Persounen d’Isolatioun ze fréi verloossen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi schneiden déi Tester, déi fir déi zertifiéiert Schnelltester vun de Laboen a bei den Testzentre vun der Arméi benotzt ginn, an dem Ranking vum Institut of? 

  2. D’Lëscht vun der Santé vun den offiziell recommandéierte Schnelltester ass op covid19.lu ze fannen. Dës Lëscht datéiert allerdéngs vum 15.06.2021. Ass dës Lëscht nach ëmmer richteg a falls net, wäert d’Ministesch dës Lëscht aktualiséiere loossen? Falls d’Lëscht aktualiséiert gëtt, wäerten d’Resultater vum Paul Ehrich Institut afléissen?

  3. Firwat huet de Lëtzebuerger Staat sech entscheet, grad dës Marken un Tester (Siemens, Lepu, Wondfo,…) ze kafen, wëssend dass et méi performant Modeller ginn?

  4. Denkt d’Ministesch, dass et sënnvoll wier, méi breet iwwert d’Performance vun de Schnelltester ze kommunizéieren, fir dass d’Bevëlkerung ee méi informéierte Choix bei der Auswiel vun de Schnelltester kann treffen?

  5. Wéi schätzen d’Ministesch an hir Experten de Risiko an, dass Persoune wéinst falsch negativen Testresultater den Isolement ze fréi verloossen ?

Fro n°5540

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5540

Zesummenhang posts

Bierger:innen a Betriber sinn oft op de Service vu staatleche Verwaltungen ugewisen. Verschidde Froen loossen sech effikass an effizient iwwert den direkte Kontakt mat
Déi zoustänneg Ministeren hu gëschter der Ëffentlechkeet de Bilan zur Asyl- an Immigratiounspolitik zu Lëtzebuerg virgestallt. An der zoustänneger Chamberskommissioun sinn awer verschidde Froen
 Ee WORT-Artikel vum 23ten Dezember 2024 hat informéiert, dass op der Schnellstreck vum Tram tëschent der Stad an dem Belval elo dach ee weideren