FRO.LU: TVA Nummer

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

D’Prozedur, fir eng TVA-Nummer zu Lëtzebuerg unzefroen, léisst sech integral iwwert myguichet.lu maachen. Nom Aschécke vun de Formulaire muss ee just nach op d’Äntwert vun der Administration de l’enregistrement, des domaines et de la TVA (AED) waarden. Dee Moment, wou een d’TVA-Nummer awer erëm wëll ofmellen, besteet just nach d’Méiglechkeet ee Formulaire erofzelueden, auszefëllen a per Bréif un d’AED ze schécken. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Ass virgesinn, dës Prozedur vun der Cessatioun och komplett ze digitaliséieren. Falls jo, ab wéini soll dëst méiglech sinn?

  2. Existéiert ee festen Zäitplang fir d’Digitalisatioun vun de nach feelende Démarche bei der AED?

Fro n°5005

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5005

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen