FRO.LU: TVA-Nummer ofmelden Nofro

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

An der Fro n°5005 hunn ech mech driwwer informéiert op och d’Ofmelle vun der TVA-Nummer soll geschwë kënne via MyGuichet gemaach ginn. Deemools huet d’Ministesch erkläert:
“”Et ass virgesinn och am Kader vun enger Cessatioun dës TVA-Nummer iwwert eng Demarche bei myguichet.lu erëm kënnen ofzemellen. Dës Prozedur soll am Laf vum Joer 2022 operationell sinn.””

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Fro gestallt:

  1. Ass et mëttlerweil méiglech fir d’TVA-Nummer via MyGuichet ofzemellen? Wa nee, bis wéini soll et méiglech sinn a firwat ass dëse Projet a Verzuch geroden?

Fro n°16

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 16

Zesummenhang posts

 Dëst Joer gouf zu Rodange ee Park&Ride mat iwwer 1500 Parkplazen opgemaach.  An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt: Am Koalitiounsaccord
Präsent vum Präsidium waren : Gilles, Marc, Sven, Mandy, Camille, Starsky, Raymond.  Debut 9h00, Schluss 15h00 Walanalyse 2023 (Huis Clos)  D’Parteileedung huet aus strategesche Grënn
De Centre pénitentiaire d’Uerschterhaff ass zoustänneg fir d’Leit, déi an Untersuchungshaft sinn. Eisen Informatiounen no, si beim Bau vum Uerschterhaff och Büroe fir Untersuchungsriichter