FRO.LU: TVA an Frais de traitement beim E-Commerce

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Am Fall vum Antreffe vu Päck aus Net-EU-Staaten kritt den Empfänger ee Bréif fir “Frais de dédouanement” ze bezuelen. An der Fro n°5300 hunn ech schonn no Detailer zu der Bezuelmethod gefrot. De Minister huet mir erkläert, dass “dës TVA gëtt net vun der Lëtzebuerger Douane opgehuewen [gëtt], mee vun der Courrier express Firma respektiv der Post, déi de Pak bei de Keefer liwwert.” An dësem Fall kënnen also Privatfirmen “Frais de traitement” grad ewéi d’TVA fir d’Douane afuerderen.  An dësem Zesummenhang hätt ech e puer zousätzlech Froen un d’Madam Ministesch.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Op Grond vu wéi enger Base légal, kann eng Firma d’Frais de traitement fir d’Post respektiv d’Douane afuerderen?

  2. Kënnt et fir, dass keng TVA muss nobezuelt ginn, de Client awer nodréiglech Frais de traitement verrechent kritt? Wa jo, firwat falen dës Fraisen un?

  3. Muss de Client beim Dédouanement iwwert Liwwerfirma fueren, oder kann si TVA och direkt bei der Douane bezuelen?  Wa jo, falen an dësem Fall och Frais de traitement un?  Wa nee, firwat gëtt dem Client hei kommunizéiert, dass dës Fraisen, déi jo dann net un de Lëtzebuerger Staat gi mee eng privat Firma, net obligatoresch sinn?

Fro n°5580

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5580

Zesummenhang posts

Op RTL.LU gouf den 18te Mäerz een Zeienopruff vun der Police publizéiert vun engem Déifstall, dee sech am Januar 2025 ereegnet huet,  also no
An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°83 vum 18te Mäerz vum honorabelen Deputéierten Georges Engel hat d’Digitaliséierungsministesch geäntwert, dass ee seng Carte d’identité net
D’Logementskris ass och ënnert dëser Regierung net spierbar besser ginn. Vill Mënschen, déi hei opgewuess sinn, kënnen sech den Dram vum Eegenheem am eegene