FRO.LU: Télétravail an der Fonction publique

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Am Mee d’lescht Joer hat ech de Minister an enger parlamentarescher Fro op den Télétravail beim Staat ugeschwat. De Minister hat deemools erkläert, dass d’Chefs d’administrations vum Staat hiren Employéeën a Fonctionnairë bis zu 4 Deeg Télétravail kënnen erméiglechen, “do wou et Sënn mëscht”.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Huet sech tëschenzäitlech eppes un de Virgabe fir den Télétravail geännert? Falls jo, wat fir Ännerungen huet de Ministère rausginn?

  2. Wäert et bei bis zu véier Deeg bléiwen an deene Servicer, wou et Sënn mëscht?

  3. Wéi vill Beamten hunn an deene leschte 6 Méint vum Télétravail profitéiert? Wéi vill Deeg hunn d’Beamten an der Moyenne an der Woch vum Télétravail profitéiert?

Fro n°6115

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 6115

Zesummenhang posts

Een Artikel vum 29ten Abrëll am Tageblatt huet bericht, dass et am Abrëll zu enger Cyberattack op d’IT vun der Gemeng Déifferdeng gouf. D’Sécherheetslück
De Gemengerot vu Péiteng huet de 19te Mee ee Projet fir d’Pose vun enger Drénkwaasserleitung a Richtung Fond-de-Gras gestëmmt, déi ronn 300.000 Euro soll
An hirer Äntwert op d’parlamentaresch Fro n°4032 hunn d’Ministeren erkläert, datt hinnen „vun engem Tankstelleprojet op staatlechen Terrainen laanscht d’Rue Uerschterhaff zu Suessem näischt