FRO.LU: Transparenz bei ëffentleche Steeën

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Lëtzebuerg ass bekannterweis nach ëmmer an enger Wunnengs – an Immobiliekris a vill Leit hunn, och ënnert deser Regierung, nach ëmmer keen eegenen Daach iwwert dem Kapp. Den Accès op eng Eegewunneng ass ëmmer nach eng Fro vum Präis, dee vill Mënschen sech net leeschte kënnen, well d’Salairen ze niddrëg sinn par Rapport zu deem, wat Wunnengen an d’Immobilieprêten kaschten.

Verschidde Mënsche fannen hiert Gléck Mol bei ëffentleche Steeën, wou Wunnengen oder Terrainen ze fanne sinn. Op villen Adjudicatiounen gi Leit aus Virwëlz kucken, fir d’Präisser gewuer ze ginn. Hei feelt et awer generell un Iwwersiichtlechkeet an un Transparenz, fir dass potenziell Keefer net sou séier op d’Ae gedréckt ginn.  

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill Immobilie goufen zënter 2019, opgelëscht pro Joer, op ëffentleche Steeën verkaf? Wéi vill dovunner ware Wunngebaier?

  2. Wat ass den Duerchschnëttsmontant, zu deem eng Wunneng versteet gouf (opgelëscht pro Joer)? Wat ass de Medianwäert?

  3. Wéi vill Euro Recettë sinn duerch d’Versteeën insgesamt an d’Staatskeesen erakomm, opgelëscht pro Joer zënter 2019? Wéi vill dovunner duerch de Verkaf vun Immobilien?

Fro n°1971

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 1971

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen