FRO.LU: Statistiken zum Impftaux

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Reegelméisseg verëffentlecht d’Regierung an hirem “COVID-19-Wochenrückblick” déi aktuellsten Zuele zur Pandemie. An dësem Rapport loossen sech, ënnert anerem, och Informatiounen iwwert d’Impfquot zu Lëtzebuerg fannen. Säit Oktober 2021 gëtt am Wocheréckbléck awer just nach d’Impfquote vun der Bevëlkerung iwwer 12 Joer publizéiert an net méi den Undeel u Geimpftenen par Rapport zu der Gesamtbevëlkerung.

Well vill aner EU-Länner hier Impftauxe just par Rapport zur Gesamtbevëlkerung uginn, kann d’Feele vun dëser Informatioun et de Leit schwéier maachen, fir intereuropäesch Vergläicher opzestellen, wat zu Feelere féiere kann, well Zuelen, déi d’Gesamtzuel vun der Bevëlkerung betreffe mat deene gläichgestallt ginn, déi just d’Bevëlkerung ab 12 Joer betreffen. Et vergläicht een deemno Äppel mat Bieren.

Esou sot och den Haut Commissaire fir national Sécherheet den 16ten November an engem Artikel am L’essentiel Folgendes:

“In Luxemburg sind fast 82 Prozent der über Zwölfjährigen geimpft, in Österreich sind es nur 65 Prozent.”

 

Wann een de leschte Wocherapport awer liest, dann ass Lëtzebuerg bei 75,8% wat de Schéma vaccinal complet bei den iwwert 12-Järegen ugeet an Éisträich bei 74,03% (Stand 16.11) wat d’impfbar Bevölkerung ugeet. De Prozentsaz vun éischten Impfungen fënnt een leider net méi am Rapport.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Firwat gouf entscheet am Wocheréckbléck just nach d’Impfquote vu komplett geimpfte Persounen iwwer 12 Joer ze kommunizéieren ?

  2. Wat mécht d’Regierung, fir d’Vergläichbarkeet vu statisteschen Zuelen, am Kader vun der Covid-Pandemie, esou gutt et geet ze assuréieren? 

  3. Wéi erkläert sech d’Ministesch d’Aussoe vum Haut Commissaire am Interview am L’essentiel? Huet hien hei ënnerschiddlech Donnéeën matenee verglach?

Fro n°5265

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 5265

Zesummenhang posts

Le parti Pirate a tenu le 29 septembre une conférence de presse sur le sujet “Un monde du travail équitable pour aujourd’hui et demain”.
Am Walkampfofkommes ass festgehaale ginn, dass Ministeren a Ministeschen an der Ausübung vun hirem Mandat wärend der Period vum Walkampf keng bezuelte Reklammen iwwert