FRO.LU: Schnelltester an alle Beräicher vum Sport

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Am Moment stinn den Sportsveräiner ongeféier 60.000 Schnelltester zur Verfügung. Am Moment ass Notzung vun dësen net gesetzlech virgeschriwwen, déi grouss Sportfederatiounen verflichten awer hier Veräiner se ze notzen. Sport ass awer net nëmmen an engem grousse Veräin wichteg, mee och d’Beweegung vun den Kanner, de Kranken oder den Leit mat Handicap spillt a Pandemie-Zäiten eng wichteg Roll.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. D’Mesure vun de 60.000 Schnelltester fir Sportveräiner ass jo exklusiv fir d’Sports-Kompetitioun. Ass esou eng Mesure och fir krank Leit oder Leit mat enger Behënnerung virgesinn, déi Sport aus Therapiezwecker brauchen? 

  2. Wéi eng Mesuren si virgesinn, dass d’Kanner no der Fuesvakanz, ausserhalb vun der Schoul, och nees hirem Sport kënnen nogoen? 

  3. Wéi eng Mesuren hunn de Sportsministère an de Gesondheetsministère bis elo geholl, fir deene Leit een sécheren Zougang zum Sport ze erlaben déi hire Sport net an engem Sportveräin maachen?   Wat fir Mesuren sinn an Zukunft geplangt?

Fro n°3612

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Zesummenhang posts

Context: Interpellation n°3075: Perspectives de développement de l’économie luxembourgeoise D’Chamber vun den Deputéierten stellt fest: Déi europäesch Zentralbank huet bannent engem Joer de Leetzëns
Dem Busverkéier kënnt eng Schlësselroll beim ëffentlechen Transport an eisem Land zou. Heibäi däerfe mir net nëmmen u Fuerpläng, u Bus-Couloiren an un d’Fuermaterial