FRO.LU: Schaffe mat medezineschem Cannabis

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Eng ganz Réi Patienten hei am Land gi mat medezineschem Cannabis behandelt. Bei verschidde Patienten ass de gesondheetlechen Zoustand gutt genuch fir schaffen ze goen. Si mussen awer hiert Medikament kënne wärend der Aarbechtszäit anhuelen, wat bedeit, dass betraffe Persoune Fëmmpause musse maachen.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Kann de Patron engem Aarbechter verbidden, fir säi medezinesche Cannabis anzehuelen?
    Wa jo, ënner wei enge Konditiounen?

  2. Wat fir Aarbechte sinn am Prinzip net mam medezinesche Cannabis vereenbar?

  3. Wat gëtt am Fall gemaach, wou d’Indikatioune vum Dokter net mat der Aarbecht vum Employé vereenbar sinn?

Fro n°7574

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7574

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen