FRO.LU: SARL-S

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Laut Artikel 720-5 vum ofgeännerte Gesetz vum 10ten August 1915 mussen SARL-S’en hir Denominatioun am Firmennumm hunn. Dëst fir datt ee Bierger/eng Biergerin se méi einfach vun anere Firme kann ënnerscheeden. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi vill SARL-S’en ginn et am Moment hei am Land?

  2. Ginn Kontrolle beim Handelsregëster gemaach fir sécherzestellen, datt den Artikel 720-5 respektéiert gëtt? Wa jo, wéi oft hunn dës Kontrollen an de leschte 5 Joer stattfonnt? Zu wéi engem Moment fannen se statt, gëtt all nei SARL-S bei der Opnam an den RESA kontrolléiert oder fannen dës duerno statt?

  3. Well bei dëse Gesellschaften d’Statuten net musse vun engem Jurist/enger Jurstin oder engem/enger Notaire opgesat ginn, gëtt am RESA kontrolléiert op dës Statute juristesch korrekt sinn?

Fro n°962

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 962

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen