FRO.LU: Remboursement vun der Pyschothérapie

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

D’Gesetz vum 14.07.2015 huet de Psychotherapeut offiziell als Professioun zu Lëtzebuerg unerkannt. Traitementer vun engem Psychotherapeut ginn awer bis haut nach net vun der CNS rembourséiert. Dëst Thema ass a bléift och an Zukunft nach ëmmer aktuell.

Am Juni dëst Joer gouf um Site vun der Chamber d’Petitioun  n°1631 lancéiert. Dës Petitioun huet, ënnert anerem, de Remboursement vun de Prestatioune vun engem Psychotherapeut vun der CNS gefuerdert.  

D’Jugendparlament huet den den 9.10.2020 an der Chamber eng Resolutioun virgestallt, déi méi Asaz am Kampf géint Depressioune fuerdert. 

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. An der Äntwert op meng Fro n°824 sot den zoustännege Minister, dass dës Verzögerungen duerch net erfollegräich Verhandlungen tëscht der CNS an dem Fapsylux entstanenen sinn.
    Wou stinn d’Verhandlunge fir een Accord tëscht der CNS an de Psychotherapeuten? Wéini hu béid Parteien sech déi lëschte Kéier zesumme gesat?

  2. Wéi gesäit et mam Reglement aus, dat dem Minister no, sollt am 2ten Semester 2019 am Regierungsrot diskutéiert ginn?

Fro n°3065

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz leit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 3065

Zesummenhang posts

Universitéits- an Héichschouldiplomer, déi een am Ausland erhält, muss een zu Lëtzebuerg an de Registre des Titres androe loossen, wann een se hei am
An engem Interview mat RTL huet de Wunnengsbauminister wësse gedoen, dass de Staat wäert 2 Projeten an der Stad an am Süde vum Land
Kaderprogramm Péiteng 2023