FRO.LU: Reconnaissance vun Ukraineschen Diplomer

Eng Fro gouf gestallt op fro.lu.

Honnerte vu Mënschen aus der Ukrain hunn am Moment hei zu Lëtzebuerg een Ënnerdaach misste fannen, wéinst dem russeschen Ugrëffskrich. Dës Leit hu sech hiert Liewen an der Ukrain opgebaut a sinn do an d’Schoul an/oder op d’Uni gaangen. D’ukrainesch Schüler wëllen hire schoulesche Parcours zu Lëtzebuerg dann och weiderféieren.

An deem Zesummenhang hu mir der Regierung dës Froe gestallt:

  1. Wéi sinn d’Virgabe fir d’Unerkennung vun ukrainesche Grond- a Lycéesdiplomer?

  2. Wéi sinn d’Virgabe fir d’Unerkennung vun den Diplomer vun ukraineschen Universitéiten?

  3. Wéi laang sinn d’Delaie fir d’Äntwert op Demandë fir eng Unerkennung de Diplomen am Moment?

  4. Wéi vill Demandë vun ukrainesche Staatsbierger no enger Unerkennung goufe bis ewell ofgeleent oder net am ganze Moss unerkannt?

  5. Si Méiglechkeete virgesinn, fir zum Beispill iwwert Tester, fräiwëlleg kënnen nozeweisen, dass eng Persoun ee gewësse schouleschen Niveau huet ?

Fro n°7001

Iwwert fro.lu gouf eis eng Fro gestallt, déi mir als Question Parlementaire mat an d’Chambre huelen. Wann och iech eppes um Häerz läit an dir eng Fro un d’Regierung hutt, da stellt eis är Fro. Einfach laanscht surfen op www.fro.lu

Verlaf an der Chamber

QP Nummer 7001

Zesummenhang posts

D’Attack bei der Post weist kloer wei ufälleg d’Systemer zu Lëtzebuerg sinn an dofir muss een elo allgemeng manner Donnéeë sammelen, eis Systemer méi
D’Gemengen entscheeden zu groussen Deeler selwer iwwert hir Bautepolitik. Bauen ass gläichzäiteg och ee lukratiivt Geschäft, bei deem vill Steiergelder a privat Investissementer implizéiert
D’Cyberattack op Servicer vun der POST hu gewisen, dass d’Infrastruktur hei am Land méi ufälleg ass, wéi een sech wënscht. Aus dem Tëschefall mussen